Aromatherapie a Phytotherapie

Aromatherapie

D’Aromatherapie ass een Deel vun der Phytotherapie. Et ass eng ganzheetlech Therapieform fir eise Kierper, eise Geescht an eis Séil. D’Kraaft vun de pueren natierlechen äthereschen Uelicher ënnerstëtzt eise Kierper a Prozesser vu Selbstheelung a stäerkt eisen Immunsystem. Verschidde Problemer kënnen ouni weideres duerch de Gebrauch vun äthereschen Uelicher behandelt ginn. Et sinn dat:

  • dréchen Haut
  • Erkältungen
  • Verdauungsproblemer
  • Nervositéit
  • Schlofstéierungen asw

An der Natur gëtt et eng Rei vun Aromaplanzen, déi di sougenannten ätheresch Uelicher produzéieren. Bekannte Beispiller si Lavendel, Zitrusfriichten (Orange, Zitroun, Bergamotte, Pampelmousse…), Rousen, Kraider wéi Thymian, Basilikum, Salbei, Rosmarin…
Fir datt de Mënsch dës héich wierksam Gemëscher zu sengem gesondheetleche Virdeel notze kann, musse se vu gudder Qualitéit sinn, aus Bioubau a fräi vu Pestiziden.
Vun eise Marke Primavera a Puressentiel proposéiere mir Iech:

  • ätheresch Uelicher aus enger eenzeler Planz zB Lavendel fein bio
  • Trägeruelicher fir Mëschungen zB Mandelöl bio, Nachtkerzenöl bio
  • fäerdeg Mëschunge vun äthereschen Uelicher
  • selwer hiergestallte Mëschunge no Ärem Wonsch oder op Äre Problem zougeschnidden
  • Accessoire fir di ätheresch Uelicher ze diffuséieren

GANZ WICHTEG
D’Aromatherapie ass eng sougenannten douce Medezin, mee et gëllt awer op verschidde Punkten opzepassen, besonnesch bei verschiddene méi sensibele Patiente wéi Allergiker, Epileptiker, schwanger Fraen a kleng Kanner.
Mer äntwere gären op all Är Froen.

Verfügbar Marken an eiser Apdikt

Verfügbar Marken an eiser Apdikt

Téi a Phytotherapie

Och wässrig oder hydroalkoholisch Extrakter vu ville Planzen ënnert Form vun Téi oder Kapselen hun therapeutisch Wierkungen.
Mat eisem grousse Choix un Téien am Lassene stelle mer Iech Äre perséinlichen Téi zesummen.
Mer proposéiren Iech och gär Planzenextrakter a Form vu Kapselen oder Tabletten.
Verfügbar Marken an eiser Apdikt

Verfügbar Marken an eiser Apdikt