Ernährung a Micronutritioun

Eis deeglech Ernährung soll optimalerweis eis kierperlech Gesondheet an eist psychescht Gläichgewiicht garantéieren.

Mee fir vill Leit leie Welten tëscht deem wat si iessen a wat di allgemeng Iessrecommandatioune sinn.
Si iesse séier eppes, wat si dee Moment sat mécht, iwwert de ganzen Dag verdeelt.

Am allgemengen iesse mer ze vill Zocker(en) a mer iessen ze vill industriell Fetter; mer drénke nit genuch Waasser am Laf vum Dag a mer beweegen eis nit reegelméisseg genuch. D’Konsequenze vun dësen Exzesser weisen sech op villerlee Aart a Weis: Iwwergewiicht, Entzündungen, schlecht Verdauung, schlecht Schlofqualitéit, Energiemangel, manner Resistenz vis-à-vis vum Stress… se kënnen och Intoleranze géint verschidde Liewensmëttelen favoriséieren.

Doriwwer eraus si verschidde geleefeg Medikamenter reegelrecht Mikronährstoffraiber (Antibabypëll, Protonepompelinhibitoren…) fir Nährstoffer, wi de Magnesium, den Zénk, d’Vitaminn B12… Dat heescht, datt duerch een deelweise Mangel u Mikronährstoffer eise Kierper nimmi optimal funktionéiere kann no enger gewësser Zäit.

Wat proposéiere mer Iech?

Mer weisen Iech, wéi Dir Ärem Kierper Guddes di kënnt, andeem Dir verschidden Iessgewunnechten ännert. Mer informéieren Iech z.B. iwert Liewensmëttelen, an deene vill vun deem engen oder aner Mikronährstoff dran ass.

A verschiddene Situatioune geet gutt Iessen eleng nit duer. An deem Fall muss een op Nahrungsergänzungsmëttelen zréckgräife fir d’Defiziter séier ze kompenséieren.

Ee mi spezielle Fall ass dee vun de Patiente mat Proteinmangel, sief et well se der nit genuch iessen (z.B. eeler Leit) sief et well hir Krankheet (Kriibspatienten, Patiente mat chroneschen Entzündungen…) d’Proteine reegelrecht “verbrennen”. Fir si gëtt et speziell Preparatiounen, déi u Proteinen ugeräichert sinn, an déi hir Defiziter ausgläichen.

Mer beroden Iech gär an engem perséinleche Gespréich.

 

Verfügbar Marken an eiser Apdikt

Verfügbar Marken an eiser Apdikt