Medikatiounspläng a Verblisterung

Wann Dir d’Gefill hutt, bei Äre Medikamenter keen Iwwerbléck méi ze hunn, sti mir Iech zur Säit:

  • mir erklären Iech, wéi ee Medikament fir wat ageholl muss ginn a weisen Iech, wourop Dir bei der Kombinatioun vu verschiddene spezielle Medikamenter eventuell musst oppassen
  • wann et Iech ze vill gëtt, fir Är Medikamenter selwer ze géréiren, gëtt et vläicht eng Léisung: d’Verblisterung.

Bei der Verblisterung ginn d’Medikamenter an Dose fir di verschidde Prise pro Dag agepaakt. Dat erlaabt, datt een seng Tabletten all hëlt, sou wéi et néideg ass, a keng vergësst oder 2mol hëlt.