Mamm a Kand

Virun der Schwangerschaft

Eng Fra, déi eng Schwangerschaft plangt, soll sech am Fong net anescht ernäre wéi soss och,dat heescht mat ville frësche Produiten, mat vill Uebst a Geméis. Alkohol an Tubak sollen optimalerweis reduzéiert ginn.
Intressant Nahrungsergänzungsstoffer si Folsaier a – fir Veganerinne Vitaminn B12 ; béid Vitaminnen si wichteg fir eng optimal Zelldeelung. Ee Schlësselorgan ass d’Schilddrüs, där hir Funktioun och soll kontrolléiert ginn.

Schwangerschaft

Eng schwanger Fra dréit Responsabilitéit souwuel fir sech wéi och fir hiert ongebuerent Kand. D’Bluttzirkulatioun vun der Mamm a vum Kand sinn a permanentem enke Kontakt fir den Austosch vu Närstoffer a Stoffwiesseloffallprodukter vum Kand.
Verschidden Närstoffer brauch di zukünfteg Mamm méi wéi soss:

  • Vitaminne vum B-Grupp: Folsaier, Vitaminn B12…
  • Mineralien : Eisen, Zénk, Magnesium,..
  • Omega-3 Fettsaieren

Mee och problematesch Produite kënne vun der Mamm an dem Kand seng Bluttzirkulatioun iwwergoen:
Alkohol, toxesch Bestanddeeler vum Tubak, vill Medikamenter
Dofir soll eng schwanger Fra sech ëmmer informéieren, wann se eppes anhuele well, och wann et fir eng Banalitéit ass.
Fir verschidde kleng Problemer proposéiere mer Léisungen. Dat wier :

  • bei Iwelzichkeet : SeaBand Bracelets oder Tabletten op Basis vun Ingwer
  • bei schwéieren, opgelafene Been: Kompressiounsstrëmp
  • als Preventioun fir Schwangerschaftssträifen: Kierperuelicher oder -mëllechen/ -creme fir no der Dusch
  • géint de Masque de grossesse : ee gudde Sonneschutz

Opgepasst!

Medikamenter, déi chronesch ageholl musse ginn, dierfen op kee Fall ofgesat ginn. Et muss ee just mam Dokter kucken, ob déi Medikamenter bleiwe kënnen oder duerch anerer, déi manner problematesch sinn, ersat musse ginn.

Wann de Bëbee do ass

D’Mammemëllech ass dat beschte Liewensmëttel fir d’Kand a senge 6 éischte Liewensméint.
Mer verléine Mëllechpompele vu Medela a beroden Iech ronderëm d’Thema Stëllen.
Verschidde Medikamenter ginn zu variabelen Undeeler an d’Mammemëllech iwwer. Frot dofir ëmmer no, ob Dir se anhuele kënnt.
Bei de Puddermëlleche vun den 2 Haaptmarken NAN (Nestlé) a Nutrilon (Nutricia) gëtt et Léisunge fir all Bëbee:

  • Kanner, déi nach deelweis geniërt ginn
  • Kanner mat Allergierisiko
  • Kanner mat Verdauungsproblemer
  • Kanner mat Intoleranze géint Lactose, géint Koumëllichproteinen…
Verfügbar Marken an eiser Apdikt

Verfügbar Marken an eiser Apdikt