Speziell Servicer: Asthmapatienten oder Diabetiker

Asthmapatienten

Mir begleeden Asthmapatienten an hirem Traitement. Mir hëllefen hinnen, hir Medikamenter ze verstoen an d’Inhalatiounsapparater korrekt ze gebrauchen.

Mer maachen och mat um Projet-pilote « Entretien pharmaceutique avec le patient asthmatique », bei deem een Deel vun den Apdikten aus dem ganze Land an Zesummenaarbecht mam LIH de Patienten ubidden, hinnen – zousätzlech zu hirem Dokter – eventuell Froen zu der Krankheet an hire verschidde Manifestatioune ze beäntweren. An et gëtt och op d’Wichtegkeet vun hirem chroneschen Traitement higewisen fir schwéier Asthmakrisen wäitreechend ze vermeiden.

Fir weider Infoe besicht : Pharmacare.lu

Diabetiker

Mir erklären den Diabetiker hir Medikamenter, awer och, wéi si duerch eng ugepassten Ernärung a reegelméisseg moderat Aktivitéit hiren Zockerproblem besser kontrolléieren kënnen an doduerch d’Spéitfolge vun hirer Krankheet – Polyneuroparthie, Häerz-/Kreeslafproblemer …- op d’mannst mol rauszögere kënnen.

Eng Method fir op eng net invasiv Aart a Weis den Diabetes ze kontrolléieren ass de Gebrauch vum SUDOSCAN.

D’Entwéckler vun dësem Apparat si vun der Feststellung ausgaangen, datt bei engem diabetesche Patient di kleng Nervefaseren, wéi zB déi, di eis Schweessdrüsen un den Hänn a Féiss innervéiren, déi sinn, déi als éischt geschiedegt ginn. De Patient leet seng Hänn a Féiss op Elektroden, duerch déi ee klenge Stroum duerch de Kierper geschéckt gëtt. Seng Schweessdrüse ginn ugereegt a no 2 Minutte weist den Apparat, wéi et ëm di kleng Nervefaseren un Hänn a Féiss bestallt ass. Mer drécken him de Rapport aus, deen en di nächste Kéier mat bei säin Dokter huele kann.

Iwwregens !

Deen Test ass net nëmmen intressant fir deklaréiert Diabetiker. Di kleng Nervefasere gi scho geschiedegt, wann dem Patient seng Bluttzockerwäerter nach guer net erhéicht sinn, mee wou hien awer schonn an der sougenannter Insulinresistenz ass.

Och bei anere Krankheeten, zB Autoimmunkrankheeten, neurologesch Problemer,… leescht de SUDOSCAN seng Déngschter.