OKTOBER ass de Moment fir seng Immunitéit ze boosten

Spéitstens wann d’Schoul rëm ugeet an et mueres méi kal ass trieden rëm verbreet all méiglich Erkältungskrankheeten op.
Mee si mir wierklich deene Krankheete schutzlos ausgeliwert?

D’Äntwert op dës Fro ass definitiv : NEE.

Eise Kierper huet all Potenzial, fir sech mat Erfolleg ze verteidigen, mir mussen him just hëllefen, fir datt hien di Aufgab optimal meeschtert.

Eng Haaaptroll spillt eisen Daarm a virun allem eis Daarmflora, déi eng aktiv Schutzroll spillt. Fir eng gudd Leeschtung ze bréngen brauchen d’Daarmbakterien di richtig Nahrung. Dat heescht, datt et duebel wichtig ass, fir all Dag vill Saisonuebst a -geméis z’iessen:
Engersäits wann eng gesond Flora do ass an all Plaz am Daarm anhëllt, dann ass keng Plaz fir eventuell schädlich Mikroorganismen, fir sech auszebreeden.

An anerersäits ënnerstëtzt eng gesond Daarmflora di gudd Resorptioun vu Vitaminen a Mineralien, déi eng zentral Roll fir eisen Immunsystem spillen.
Mee bei deene meeschte vun eis, Kanner suwuel wi Erwuessener, ass et vu Virdeel, fir geziilt Complément’ën anzehuelen. Verschidden Usätz si méiglich.

Probiotiquen

Dëst si Bakterien, déi een anhuele kann, fir seng eegen Daarmflora an hirer Ofwieraarbicht ze ënnerstëtzen. Verschidde Bakterien aus der Lactobacillus- an der Bifidobacterium-famill hu sech an deer Roll bewährt.

β 1,3-1,6 Glucan

Dëse komplexen Zocker aus enger Zort Pleurotten (Champignon’ën) ass amstand, d’Immunsystem, dat direkt ënnert der Daarmschläimhaut läit, ze ënnerstëtzen. Sou kënnen eventuell Krankheetskeimer, déi sech laanscht d’Daarmflora geschlach hätten, efficass bekämpft gin.

Vitaminn D

Si gëtt zwar theoretisch vum Kierper selwer an der Haut produzéiert wa mer eis an der Sonn dobaussen ophalen. Mee 1. geet dat mam Alter ëmmer manner gudd an 2. hale mir eis dat ganzt Joer iwer am allgemenge vill zevill ënnerdaach op. Deemno ass et bei ville Leit nit méiglich, genuch Vitaminn D ze produzéiren an d’Vitaminn D kann hir Roll als wichtigen Immunmodulator nit richtig spillen.

Zénk

Dëst Mineral ass zwar a ville Liewensmëttelen a méi oder manner grousse Quantitéiten dran, mee vill Leit hun awer ee Mangel. Den Zénk spillt eng wichtig Roll bei der Immunäntwert, andeems hie verschidden Immunzelle geziilt stimuléire kann. Sou ass et z.B. nëtzlich, wann een 2 Woche virun enger (Grippen-) impfung Zénk anhëllt, fir d’Äntwert op déi Impfung ze verbesseren.

Vitaminn C

Duerch hir antioxydativ Wierkung spillt si och eng positiv Roll an der Verteidigung géint vill
Infekter.

Wann Dir Froen hutt, zéckt nit fir bei eis laanscht ze kommen. Wi ëmmer probéire mir, eng Äntwert op Är Froen ze gin.

Een reactie achterlaten

Je e-mailadres zal niet getoond worden. Vereiste velden zijn gemarkeerd met *